INFO
Du wëlls dech ameséieren an och nach eppes dobäi léieren ?
|
|
Hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland ?
|
|
Dann ass de Panda Club genee dat richtegt fir dech!
De Panda - Club vum 'natur musée' bitt supercool Natur- a Fräizäitaktivitéite fir jonk Leit an den Altersgruppen 6-8 an 9-10 Joer un. (eisen aktuelle Programm)
Wéini sinn eis Aktivitéiten?
- an der Schoulzäit: Dënschdes an Donneschdes Nomëttes
- an der Vakanz :all Dag, Weekend an Auslandsreesen
Eis Publikatiounen:
D'Panda-Club Membere kréie gratis déi hei Publikatioune geschéckt:
- 6 x am Joer de Panda-News (de geneeë Programm vun allen Aktivitéiten);
- 4 x am Joer de Panewippchen (déi flott Zeitung vum Panda-Club).
Wat gëtt gebueden?
- Déieren a Planze kenneléieren;

- Mat der Lupp oder Nuetssiichtgerät duerch Wisen, Weieren, Hielen;
- Ausflig an d'Natur op Mountainbike, Katamaran, Segelboot, Biergschong, Päerd;
- Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Weier uleeën;
- Schaffe mat der Lupp oder dem Mikroskop;
- e Champignon, e Schlappendéierchen, e Mineral, eng Waasserdrëps vu ganz no kucken;
- zeechnen, bastelen, bestëmmen;
- am Leem oder am Deeg triwwelen, Viz maachen...
- Naturspiller, Rallyen an Naturfilmer
- Allerhand Reesen: Camps Nature, Auslandsreesen, Naturschutzgebidder, Zoo a Parken
Wou sinn eis Aktivitéiten?
Eis Aktivitéite sinn am
Ze aal fir an de Panda Club ?
Bass de ze aal fir d'Aktivitéite vum Panda-Club (méi aal wéi 10 Joer), da kuck dir mol d'Aktivitéite vum Science Club un. De Science Club bidd flott Fräizäitaktivitéiten u fir Jonker tëschend 11 an 18 Joer.






