Aner Publikatiounen

Voll Natur 1 & 2

An “Voll Natur” fannt dir eng Auswiel vun de beschten Artikelen aus dem “Panewippchen”, um neitste wëssenschaftleche Stand a grafesch iwwerschafft.

Am Rythmus vun de 4 Joereszäite gi Rätselen, Spiller, Molsäiten, Kachrezepter, Experimenter, Reportagen, Geschichten, wéi och di einheimesch Déieren- a Planzewelt gewisen.

All Texter entspriechen der neier lëtzebuerger Rechtschreiwung. An engem Dictionnaire sinn déi wichtegst Begrëffer op Däitsch, Franséisch a Latäin iwwersat.

E Buch fir unzepaken! Fir d’Rees, d’Schoul, en Ausflug an d’Natur, d’Waarden op eng Pizza …..

Wou kritt een d’Buch ze kafen? Am “Musée Shop” am “natur musée” an an all Librairie

144 Säiten

ISBN: 2-87954-112-3

Präis: 19.8 Euro