Magazin
Hei ginn et Infoen iwwert all méiglech an onméiglech Saachen aus der Déieren- a Planzewelt, vun der Ëmwelt, vum Universum...
Villes fir ze bastelen an ze triwwelen, Rätselen an Denkspiller.
Theme fir nozedenken, matzemaachen a seng eege Meenung ze schreiwen.
Ganz faarweg mat groussem Pouster an der Mëtt.
Erschéngt 4x am Joer.
An "Voll Natur" fannt dir eng Auswiel vun de beschten Artikelen aus dem "Panewippchen", um neitste wëssenschaftleche Stand a grafesch iwwerschafft.
Am Rythmus vun de 4 Joereszäite gi Rätselen, Spiller, Molsäiten, Kachrezepter, Experimenter, Reportagen, Geschichten, wéi och di einheimesch Déieren- a Planzewelt gewisen.
All Texter entspriechen der neier lëtzebuerger Rechtschreiwung. An engem Dictionnaire sinn déi wichtegst Begrëffer op Däitsch, Franséisch a Latäin iwwersat.
E Buch fir unzepaken! Fir d'Rees, d'Schoul, en Ausflug an d'Natur, d'Waarden op eng Pizza .....
Wou kritt een d'Buch ze kafen? Am "Musée Shop" am "natur musée" an an all Librairie
144 Säiten
ISBN: 2-87954-112-3
Präis: 19.8 Euro











