“Das verrückte Chemie-Labor” beim Panda-Fest (16/9/2012)

De Panda-Club feiert säin 30. Gebuertsdag an d’Panda-Fest säin 20. Gefeiert gëtt mat all de Memberen, deene vu fréier, deene vun haut an deene vu muer. Jidfereen ass zur grousser Gebuertsdagsparty de 16. September am Stadgronn invitéiert.

Spezialgaascht ass den Dr. Andreas Korn-Müller alias „Magic Andy“. Hie mécht gäre Quatsch an ass geckeg no Chimie. Bäi senger Chimie-Show „Das verrückte Chemie-Labor“ verréit en seng beschten Tricken! De „Magic Andy“ presentéiert mat Hëllef vun einfache Chemikalie vill spannend Experimenter: u. a. geesschterhaft Händcheblummen, Geheimtënten, kënschtlech Blutt, Tëntekiller-Effekt, Äisbierger an der Stuff, Wäschpolfer dat liicht a Feierspäitze fir Kanner – alles mat vill Matmaach-Experimenter.

Dauer: ca. 30 min.

Zilpublikum: Kanner tëscht  8 an 13 Joer, Elteren, Erwuessener

Zäit: 15.00 Auer a 16.30 Auer (hei geet et bei d’Plazreservéierung)

Wou: Centre culturel de rencontre Abbaye Neumünster, Salle Krieps

News |