Panda-Familjefest am Gronn (16/9/2012)

Dat traditionelt Panda-Familjefest, dat dëst Joer op de Sonnden 16. September fält, ass dëst Joer och eng grouss Gebuertsdagsparty.

Fir d’éischt ass et déi 20. Kéier, datt dëst flott Familjefest vum Panda-Club organiséiert gëtt. Da feiert och de Panda-Club selwer seng 30 Joer. An um gudden Enn kënnt fir de Schoulufank d’Nummer 100 vum Panewippchen eraus. Fir dat alles ze feieren gëtt den ‘natur musée’ duerfir och eng Spezialnummer mat deene flottste Comicen aus deenen éischten honnert Panewippercher eraus.

Vill Grënn also fir op d’Panda-Familjefest ze kommen!

Vun 11.30 Auer kanns de un iwwer 20 Bastelatelieren, Showen (Das verrückte Chemie-Labor, Picknick am Bësch), Spiller an Entdeckungstouren deelhuelen. Den Entrée ass fräi. Fir déi, déi de Panda-Club nach net kennen, ass et esou och d’Geleeënheet eng Kéier eranzeschnupperen.

 

Programme

10 h 00: Porte-ouverte am ‘natur musée’ mam leschten Dag vun der Ausstellung “Bësch-Welt”

11 h 30: Workshoppe am a rondrëm den ‘natur musée’ fänken un

11 h 30: Theater “Picknick am Bësch” *

14 h 00: All d’Workshoppen a Spiller um ganze Site sinn op fir de Public

14 h 00: Theater “Picknick am Bësch” *

15 h 00: Show “Das verrückte Chemie-Labor” *

15 h 45: Theater “Picknick am Bësch” *

16 h 30: Show “Das verrückte Chemie-Labor” *

18 h 00: Enn vum Panda-Fest

* Hei kanns de deng gratis Plaz fir den Theater oder/an d’Show reservéieren

News |