Neie Login-System

Zënter dem 21. Mä 2015 hu mir e neie Login-System. Falls Dir schonns e Kont hat, sou ass deen NET méi gülteg.

Den neie Kont vum ‘natur musée’ erlaabt et Iech, Iech a weider Persounen méi séier fir e puer Aktivitéite mateneen unzemellen op www.science-club.lu an www.panda-club.lu a geschwenn och op www.naturmusee.lu. Mat engem Kont kënnt Dir och de Status vun Ären aktuellen a vergaangenen Aschreiwunge consultéieren.

Wann Dir schonns eemol un enger Aktivitéit vum Panda-Club oder Science-Club deelgeholl hutt, da gitt hei Är Email-Adress un, déi Dir och fréier scho benotzt hutt. Op déi Aart a Weis kënne mir Är bestoend Daten (z.B. d’Adress, Är Umeldungen…) ganz einfach an Ären neie Benotzerkont ophuelen.

>> Hei klicken, fir e PDF erofzeluede mat méi Infoen zum neie Login-System

News |