Info

Du wëlls dech ameséieren an och nach eppes dobäi léieren ?

Hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland

Dann ass de Panda Club genee dat richtegt fir dech!


De Panda – Club vum ‘natur musée’ bitt supercool Natur- a Fräizäitaktivitéite fir jonk Leit an den Altersgruppen 6-8 an 9-10 Joer un. (eisen aktuelle Programm)

Wéini sinn eis Aktivitéiten?

  • an der Schoulzäit: Dënschdes an Donneschdes Nomëttes
  • an der Vakanz: all Dag, Weekend

Eis Publikatiounen:

D’Panda-Club Membere kréie gratis dës Publikatioune geschéckt:

  • 6 x am Joer de Panda-News (de geneeë Programm vun allen Aktivitéiten)
  • 4 x am Joer de Panewippchen (déi flott Zeitung vum Panda-Club)

Wat gëtt gebueden?

  • Déieren a Planze kenneléieren
  • Mat der Lupp oder Nuetssiichtgerät  Wisen, Weieren, Hielen erfuerschen
  • Ausflig an d’Natur mat Mountainbike, Katamaran, Segelboot, Biergschong, Päerd
  • Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Weier uleeën
  • Schaffe mat der Lupp oder dem Mikroskop
  • e Champignon, e Schlappendéierchen, e Mineral, eng Waasserdrëps vu ganz no kucken
  • zeechnen, bastelen, bestëmmen
  • am Leem oder am Deeg triwwelen, Viz maachen…
  • Naturspiller, Rallyen an Naturfilmer
  • Allerhand Reesen: Camps Nature, Auslandsreesen, Naturschutzgebidder, Zoo a Parken

Wou sinn eis Aktivitéiten?

Eis Aktivitéite sinn am

Ze al fir an de Panda Club ?

Bass du ze al fir d’Aktivitéite vum Panda-Club (méi al wéi 10 Joer), da kuck dir mol d’Aktivitéite vum Science Club un. De Science Club bidd flott Fräizäitaktivitéiten fir Jonker tëschent 11 an 18 Joer.