Naturspill-Filmer

Dës Rubrik ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

Bamkroune kucken 

Wiichtelchershaiser bauen

Bengelspill

Bëschschaukel

Schietmännchen

Dillendappschéissen

Bamgesiichter

Bëschjickebunn

Memory am Wanter

Bamtaaschten