De Panewippchen

D’Zeitung „De Panewippchen“ riicht sech u Kanner virun allem tëscht 6 an 12 Joer a bitt vill Informatiounen (op lëtzebuergesch) iwwert all méiglech an onméiglech Saachen aus der Déieren- a Planzewelt, eiser Ëmwelt, dem Universum…Panewippchen 2/2015

Villes fir ze bastelen an ze triwwelen, Rätselen an Denkspiller.

Theme fir nozedenken a matzemaachen.

Ganz faarweg mat groussem Poster an der Mëtt.

Kënnt 4mol am Joer eraus.

Abonnement:

  • Et ginn zwou verschidden Zorte vun Abonnementer.
    1. Schoul-Joresabonnement: hei kritt dir 4 Ausgaben vun eiser Kannerzeitung zougeschéckt, déi zu engem Schouljoer passen. Wann d’Schouljoer schons ugefaangen hutt an dir eventuel eng Ausgab verpasst hut, kritt dir déi nogeschéckt. Am Laf vum Schouljoer, ass dës Zort vun Abonnement just méiglech wa mir nach genuch al Panewippcher op Reserve hunn.
    2. Kalenner-Joresabonnement: hei kritt dir déi 4 nächst Ausgaben zougeschéckt.
     
  • Wat kascht de Panewippchen ? 6  Exemplare pro Ausgab si gratis, vum 7. Exemplar u froe mir e klengen Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar. An dësem Fall kritt dir eng Rechnung zougeschéckt mat den Angaben, wou dir d’Suen iwwerweise sollt.
  • Weider Infoen: Fir Infoen zum Abonnement kontaktéiert w.e.g. eist Sekretariat vum Panda Club.

 

Hei klicke fir de Listing vun alle Panewippcher