Panda-Fest 21. September 2014
De Sonntag, den 21. September 2014 vun 12.00-18.00 fënnt am a rondrëm den ‘natur musée’ an de Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster am Stadtgronn dat traditionellt Familjefest vum Panda-Club statt.
Un iwwer 20 Animatiounsstänn zu den Themen Natur a Wëssenschaft, Bastelateliere mit Naturmaterialien, Spiller, Entdeckungstouren an Theater sinn sinn déi jonk Besicher, Membere vum Panda-Club mä och virwëtzeg Net-Memberen, invitéiert vun 12 Auer un matzemaachen. D’Partizipatioun un den eenzelnen Atelieren an den Entrée an de Musée sinn un dësem Dag natierlech fräi. D’Panda-Fest ass also eng wëllkomme Geleenheet de Panda-Club kennen ze léieren.
De Panda-Club ass zënter iwwer 30 Joer am Beräich vun der Sensibiliséierung vu jonke Leit fir Ëmwelt- an Naturwëssenschaftsthemen aktiv. En zielt ëm déi 2000 Memberen, déi réigelméisseg un de villen Aktivitéiten deelhuelen.
Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. Heifir braucht dir iech net unzemellen!
Plang :
News |