Faarweg Ouschtereeër mat Ënneschuelen
Ouschteren steet virun der Dier, an du hues nach keng Ouschtereeër gefierft?
Da probéier dëst Joer mol eng nei, ganz natierlech Variant a fierf deng Eeër mat Ënneschuelen! Als weider Deko benotz schéi frësch Planzeblieder aus dem Gaart oder vu virun denger Hausdier.

Du brauchs:
– dréchen Ënneschuele vun 1-2 kg Ënnen
– Héngereeër
– al Nylonstrëmp oder e Collant
– Klippsen oder Gummislastiker
– Blieder aus der Natur

1. Maach déi dréchen Ënneschuelen an en Dëppen, fëll et mat Waasser bis d’Ënneschuelen bedeckt sinn a loos dat Ganzt gutt eng 1/4 Stonn opkachen. Dës brong Ënnebritt kanns du e puermol hannertenaner fir d’Fierwe gebrauchen.

2. Lee op all Ee e Planzeblat, pak eng Nylonsstrëmp fest ronderëm a maach dëse ‘Päckelchen’ op der Säit géigeniwwer gutt zou.

3. Lee deng agepakten Eeër an d’Ënnebritt mat de Schuulen, sou dass se ganz bedeckt sinn an erhëtz se. Wann et bis kacht, léiss de se 10 Minutten matkachen.

4. Huel d’Eeër virsichteg aus der Strëmp a looss se op enger Hietchen ofkillen. Wa se bis dréche sinn, reif se mat Planzenueleg oder enger Speckschwaart an fir e perfekte Glanz.
5. A wat elo mat de geschielten Ënnen? Doraus gëtt am Nu eng wonnerbar gesond Ënnenzop!
