Net verpassen: Den “Doppelplanéit” am Nuetshimmel

Am Nuetshimmel vun Enn Dezember kann een e relatiivt spektakuläert Naturschauspill beobachten. Déi zwee riseg Gasplanéite Jupiter a Saturn komme sech, vun eis aus gekuckt, ëmmer méi no am Himmel.

Den 21. Dezember si se dann, vun eis aus gesinn, esou no beieneen, datt mir se mam bloussen A net eenzel kënnen auserneen halen. Mir gesinn dann nëmmen eng déck hell Luucht am Nuetshimmel. Esou e Phänomeen nennt een an der Astronomie eng „grouss Konjunktioun“.

Dat Ganzt ass nëmmen eng Auswierkung vum Bléckwénkel, dee mir vun der Äerd aus hunn. A Wierklechkeet ass de Jupiter 890 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech an de Saturn 1,6 Milliarde Kilometer. Allebéid dréine se ronderëm Sonn mat ënnerschiddleche Geschwindegkeeten am selwechten Himmelsplang, der Ekliptik.

De Jupiter brauch 12 Joer fir eemol ronderëm d’Sonn ze dréinen, de Saturn e bësse méi wéi 29 Joer. Sou kënnt et also vir, datt mir hei op der Äerd gesinn, wéi de Jupiter de Saturn iwwerhëlt.

Esou eng „grouss Konjunktioun“ wéi se elo am Himmel stattfënnt, kënnt nëmme ganz seele vir. Déi lescht, bei där d’Planéite sech esou no ware wéi dëst Joer, war viru 500 Joer; déi nächst ass eréischt am Joer 2080.

Et also also net ze verpassen! Du muss owes, ongeféier annerhallef Stonn no Sonnenënnergang, just iwwer dem Horizont Richtung Süd-Weste kucken. Natierlech nëmmen, wa keng Wolleken do sinn.

News |

Nouveautés |

Neuigkeiten |