Info
Du wëlls dech ameséieren an och nach eppes dobäi léieren ?
Hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland
Dann ass de Panda Club genee dat richtegt fir dech!
De Panda – Club vum ‘natur musée’ bitt supercool Natur- a Fräizäitaktivitéite fir jonk Leit an den Altersgruppen 6-8 an 9-10 Joer un. (eisen aktuelle Programm)
Wéini sinn eis Aktivitéiten?
- an der Schoulzäit: Dënschdes an Donneschdes Nomëttes
- an der Vakanz: all Dag, Weekend
Eis Publikatiounen:
D’Panda-Club Membere kréie gratis dës Publikatioune geschéckt:
- 6 x am Joer de Panda-News (de geneeë Programm vun allen Aktivitéiten)
- 4 x am Joer de Panewippchen (déi flott Zeitung vum Panda-Club)
Wat gëtt gebueden?
- Déieren a Planze kenneléieren
- Mat der Lupp oder Nuetssiichtgerät Wisen, Weieren, Hielen erfuerschen
- Ausflig an d’Natur mat Mountainbike, Katamaran, Segelboot, Biergschong, Päerd
- Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Weier uleeën
- Schaffe mat der Lupp oder dem Mikroskop
- e Champignon, e Schlappendéierchen, e Mineral, eng Waasserdrëps vu ganz no kucken
- zeechnen, bastelen, bestëmmen
- am Leem oder am Deeg triwwelen, Viz maachen…
- Naturspiller, Rallyen an Naturfilmer
- Allerhand Reesen: Camps Nature, Auslandsreesen, Naturschutzgebidder, Zoo a Parken
Wou sinn eis Aktivitéiten?
Eis Aktivitéite sinn am
Ze al fir an de Panda Club ?
Bass du ze al fir d’Aktivitéite vum Panda-Club (méi al wéi 10 Joer), da kuck dir mol d’Aktivitéite vum Science Club un. De Science Club bidd flott Fräizäitaktivitéiten fir Jonker tëschent 11 an 18 Joer.