Looss dech net täuschen – Online Workshop mam Prof. Dr. Illu Sioun
Mir entdecken eis Ëmwelt gréisstendeels mat eisen Aen. Mee opgepasst! Heiansdo ass et net esou, wéi et schéngt ze sinn. Verschidden optesch Illusiounen an Tricken stellen ons Aen op eng haart Prouf. Wie behält den Duerchbléck?
Mir wëllen Iech heimat eisen neien interaktiven YouTube Workshop “Looss dech net täuschen” mam Prof. Dr. Illu Sioun virstellen. Et ass e Workshop mat villen opteschen Illusiounen, an deem de Prof. Dr. Illu Sioun de Kanner erkläert, firwat eis Aen an eist Gehier sech esou einfach täusche loossen.
Wéini: Dëse Workshop kënnt Dir zu all Moment maachen an en dauert 40 Minutten.
Eng Materiallëscht a sämtlech Illusioune fir ze bastelen fannt Dir an dësem PDF (4 Säiten).
Vill Freed beim Workshop a fir näischt ze verpassen, abonnéiert Iech einfach op eisem MNHN YouTube Kanal.