Aner Publikatiounen
De Panewippchen Spezial
Déi bescht Comicen aus 100 Ausgabe vum Panewippchen kanns du an onsem Comic-Buch noliesen. “De Panewippchen spezial” huet 40 Säiten an ass fir 8€ am Shop vum Natur Musée ze kréien.
Voll Natur 1 & 2
An “Voll Natur” fannt dir eng Auswiel vun de beschten Artikelen aus dem “Panewippchen”, um neitste wëssenschaftleche Stand a grafesch iwwerschafft.
Am Rythmus vun de 4 Joereszäite gi Rätselen, Spiller, Molsäiten, Kachrezepter, Experimenter, Reportagen, Geschichten, wéi och di einheimesch Déieren- a Planzewelt gewisen.
All Texter entspriechen der neier lëtzebuerger Rechtschreiwung. An engem Dictionnaire sinn déi wichtegst Begrëffer op Däitsch, Franséisch a Latäin iwwersat.
E Buch fir unzepaken! Fir d’Rees, d’Schoul, en Ausflug an d’Natur, d’Waarden op eng Pizza …..
Wou kritt een d’Buch ze kafen? Am “Musée Shop” am “natur musée” an an all Librairie
144 Säiten
ISBN: 2-87954-112-3
Präis: 19.8 Euro