Fräizäitaktivitéiten

fir Kanner- a Jugendgruppen

De Service Educatif vum Musée national d’histoire naturelle huet e spezielle Programm fir Fräizäitgruppen (SEA, Maison Relais, Foyer o.ä) ausgeschafft.

Ons Philosophie

Ons Aktivitéiten sollen de Kanner hire Bléck dobaussen an der Natur schäerfen:

  • hinne weisen, datt et do wäit méi gëtt wéi just dat, wat ee gesäit wann een net richteg kuckt,
  • hinnen erméiglechen, Zesummenhäng ze verstoen an domadden hinnen och de Respekt virun der Natur méi no ze bréngen.

Den Oflaf vun onsem Programm respektéiert d’Grondprinzipie vun der non-formaler Bildung an orientéiert sech um nationale Rahmenbildungsplang, wéi e vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse virginn ass.

Onse Programm

Mir proposéieren Iech vum 1. Mäerz 2019 un 3 verschidden thematesch Aktivitéiten dobaussen am Bësch:

De Bëschfuerscher

 

D’Kanner erfuerschen de Liewensraum Bësch; sichen an den eenzelen Etage vun de Beem an dem Ënnerholz (Ënnergronn/Keller, Hecken, Bamkrounen) no Bewunner a Spure vu Liewen.
Dauer: 2 Stonnen

De Spurelieser

  

Mir gi mat de Kanner queesch duerch de Bësch op der Sich no Spuren, déi Déieren hannerlooss hunn. Mir entdecken Trëttsigel a Friessspuren, luussen an Hielechten a Bai eran an nach villes méi.
Dauer: 2 Stonnen

De Bëschkach

 

Mir kucken ons un, wat mir vun Iessbarem am Bësch an u senge Ränner fanne kënnen. Duerno kache mer ons um Lagerfeier eng sëllege gutt Mäifel.
Dauer: 3 Stonnen

Den Oflaf

D’Aktivitéite kënnen esouwuel mueres wéi och nomëttes ofgehale ginn.
Am Prinzip gi mir ons RV mat Ärem Grupp um Waldhaff am Gréngewald, wou d’Aktivitéit stattfanne wäert.
Op Ufro kann awer och en alternative RV ausgemaach ginn.

Weider Infoen & Umeldung

Dir kënnt Iech informéieren oder umellen iwwert oder iwwert Tel: 462233-450 (vun 08.00 bis 12.00). Dir kritt vun ons eng schrëftlech Confirmatioun.

D‘Käschten

Eng Aktivitéit vun 2 Stonne kascht 60,- € / Grupp.
Eng Aktivitéit vun 3 Stonne kascht 80,- € / Grupp.
Fir d’Aktivitéit „De Bëschkach“ kënnen evt. nach zousätzlech Käschte fir d’Liewensmëttel ufalen.

mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun: